Premièresexamen hunn e Méindeg ugefaangen

RTL - 21.05.2012, 06:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.05.2012, 07:49 | 54 Commentaire(n)

D'Treizièmes-Schüler sinn e Freideg schonn eng éischte Kéier gepréift ginn, um Méindeg hunn dann och d'Premièresexamen am Lycée classique ugefaangen.

© Lynn Cruchten
Am ganzen sinn 3.635 Schüler fir d'Examen ageschriwwen, dovun 1.991 Meedercher (55%) a 1.644 Jongen (45%).

Déi meeschten Examen ginn iwwregens am Classique geschriwwen, wou 1649 untrieden. Am Technique sinn et der 1254, an an der "Formation Technicien" sinn et der 694.

Um Méindeg sinn et an de 7 Sektiounen d'Haaptfächer, déi um Programm stinn.

De leschten Dag vun de Premières-Examen ass e Mëttwoch, de 6. Juni. D'Oralen daueren dann awer nach bis den 21. Juni.

D'Kopië ginn vun 2 oder 3 Correcteuren verbessert, sou datt alles an allem bal 1.300 Proffen an iwwer 200 Examens-Commissiounen gefuerdert sinn.

Mir wënschen natierlech all de Kandidate vill Gléck!


1ère: elo gëtt et eescht (21.05.2012)
No den Treizième e Freiden war et um Méinden fir d’Premieren den eischten Dag vum Examen.




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!