Mouvement Ecologique: Projet Léiweng ee fir allemol opginn!
RTL - 18.05.2012, 12:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:48 | 29 Commentaire(n)
D'Ëmweltorganisatioun fuerdert, datt de Projet Léiweng ad acta geluecht an d'Roll vun de Regierungsmembere gekläert gëtt. Gëtt et eng Enquêtë-Kommissioun?

Um Freidegmëtteg huet sech de Mouvement écologique eng weider Kéier am Dossier Léiweng zu Wuert gemellt. Iwwerschriwwen ass säi Schreiwes mat: "Projekt Livingen endlich ad acta legen – Klarheit über Rolle von Regierungsmitgliedern schaffen!"
De Mouvement ënnersträicht a sengem Communiqué d'Bedeitung vun der Glafwierdegkeet an der Transparenz, fir datt d'Mënsche Vertrauen an d'Politik kinnten hunn. Ëffentlech Interête wiere méi wichteg wéi Privatinteressien, dorunner misste sech déi politesch Entscheedungsprozesser moosse loossen.
Am Fall Léiweng wier dës Virgab awer mat Féiss getrëppelt ginn, mengt de Mouvement, dee schreift: Diese grundlegenden Prinzipien politischen Handelns wurden im Falle des Projektes Livingen systematisch auf unverantwortliche Art und Weise mit Füßen getreten, wie u.a. vom Mouvement Ecologique wiederholt aufgezeigt wurde.
Hier wurde mit allen Mitteln seitens der Regierung versucht, trotz erdrückender sachlicher Gegenargumente (Infragestellung landesplanerischer Prinzipien, Missachtung des negativen Gutachtens der staatlichen "commission d'aménagement", Schädigung der Interessen der innerstädtischen Geschäftswelt, nicht nachvollziehbare Finanzkalkulation ...) das Projekt eines Privatpromotors „auf Teufel komm raus" durchzudrücken.
D'Fuerderung vum Mouvement ass dowéinst dann och méi wéi kloer - de Projet Léiweng muss ee fir allemol gestoppt ginn:
Nach den nunmehr bekannt gewordenen Informationen muss die Regierung diesem unsäglichen Possenspiel endlich ein Ende setzen: Das Projekt Livingen mit all seinen Komponenten muss definitiv ad acta gelegt werden; eine landesplanerisch und den Bedürfnissen des Fußballsports angemessene Lösung, die in der Bevölkerung breiten Konsens findet, muss her! Ein weiteres Taktieren und auf "Zeit spielen" ist nicht mehr vertretbar. Weder im Interesse der Politik, noch im Interesse des Sports.
Do dernieft geheit Léiweng fir de Mouvement och eng ganz Rei vu prinzipielle Froen op: Dobäi géing et ëm d'Verflechtungen tëschent Politik a Privatwirtschaft goen, ëm d'Roll vun der Direktioun vun der Spuerkeess an deem Dossier, ëm d'BCEE-Kontroll duerch d'Regierung, ëm d'Legalitéit vu geheimen Accorden tëscht Regierung a Promoteuren ...
De Mouvement stellt sech vill Froen a fënnt, datt et d'Parlament gefuerdert ass:
Haben sich Regierungsvertreter tatsächlich über das bekannte Geheimschreiben hinaus für finanzielle und andere Kompensationen was das Dossier Wickringen anbelangt, eingesetzt? Falls ja, dann hätten sie sowohl die Öffentlichkeit als auch die Abgeordnetenkammer belogen bzw. zumindest Fakten bewusst vorenthalten.
Die in der Presse angestellten diesbezüglichen Behauptungen sind von einer grundsätzlichen Tragweite und bedürfen einer kurzfristigen und sehr deutlichen Klarstellung der Regierung gegenüber der Öffentlichkeit und der Abgeordnetenkammer. Ggf. müssen auch kurzfristig politische Konsequenzen daraus gezogen werden. Hier ist das Parlament gefordert!
Enquête-Kommissioun?
Wann déi neist Informatioune stëmmen, da muss een iwwer eng parlamentaresch Enquêtë-Kommissioun nodenken – dat ass d'Reactioun vum grénge Fraktiounschef François Bausch an der Affär Rollinger/Becca.
Et wier äusserst problematesch, wann d'Regierung Drock op d'Spuerkeess gemat hätt, fir dem Groupe Rollinger e Prêt à taux réduit ze ginn.
A generell dierften net déi privat Promoteuren d'Landesplanung bestëmmen.
Land: "Coup de pouce"
Déi Reaktioune kommen, nodeems d'Lëtzebuerger Land geschriwwen hat, datt de Grupp Rollinger e Prêt vu 16 Millioun Euro krut no engem "Coup de Pouce" vun der Regierung.
An hirer aktueller Editioun kënnt d'Lëtzebuerger Land mat dësen Elementer: Wéi de Groupe Rollinger de Projet Wickreng fale gelooss huet, fir beim Projet Léiweng matzemaachen, krut de Groupe Rollinger an engem Accord 21 Milliounen Euro vum Flavio Becca versprach. Déi Zomm wier awer eréischt aléisbar, wann de PAP fir Léiweng accordéiert ass.
De Groupe Rollinger soll awer e Prêt an Héicht vu 16 Millioune kritt hunn, fir säi fréiere Partner d'ING auszebezuelen a seng Tresorerie nees op ze päppelen. D'Regierung, sou d'Lëtzebuerger Land, hätt do e "Coup de Pouce" ginn, fir dass d'Spuerkeess dee Prêt accordéiert.


Äre Commentaire