Taxiwiesen an der Stad: Progrès um ekologesche Volet

RTL - 21.05.2012, 11:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.05.2012, 07:48

Um Méindeg hat de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel e weidert Gespréich mat der Taxisfederatioun. Progrès gouf et um ekologesche Volet.

Als Gemengepapp huet ee keen Afloss op d'Präisser an dowéinst wëll de Xavier Bettel nei Taxi-Plaquetten erausginn. Déi sollen éischten un Ëmweltcritère gebonne ginn, ausserdem solle méi moderat Präisser spillen.

Wat deen éischte Volet ugeet ass een um Méindeg weiderkomm, sou de Xavier Bettel. Déi sougenannt Öko-Taxie dierfe maximal 115 Gramm CO2 ausstoussen, domat kommen Elektro- an Hybridautoen a Fro.

Wat deen zweete Volet ugeet, nämlech den economeschen huet d'Federatioun sech méi Zäit gefrot. De Xavier Bettel huet dowéinst fir de 7. Juni eng weider Reunioun festgeluecht.

D'Stad Lëtzebuerg wëll och eng eegen Telefonsnummer fir d'Eco-Taxien. Wann een do urifft, wees ee genee dass esou een ëmweltfrëndlechen Taxi kënnt, deen dann och méi bëlleg ass. D'Stad geréiert dës Plattform awer net mat, mä ee Private soll dat maachen.

Ugangs Juli wëll de Xavier Bettel eng Pressekonferenz maachen, wou de Logo an d'Nummer presentéiert gëtt. Vun deem Dag un, sollen d'Eco-Taxien dann och fueren.


Taxi-Diskussioun:Zéi Verhandlunge fir méi gënschteg Tariffer (21.05.2012)
Stater Gemeng an Taxi-Federatioun kommen an de Reuniounen op kee gréngen Zwäig, d'Stonn vun méi gënschtegen Alternativen schéngt geschloen ze hunn.