Waasserbëlleg: Blëtz schléit an Haus a léist Feier aus
RTL - 21.05.2012, 19:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.05.2012, 09:56 | 9 Commentaire(n)
E Méindeg géint 19 Auer huet de Blëtz an en Haus an der Rue des Marais zu Waasserbëlleg ageschloen. Kuerz drop stoung den Daach a Brand.

D'Bewunner vum Haus hunn et héiere knuppen an hunn du festgestallt, datt den Daachstull géing brennen.
Déi 4 Persounen hunn d'Haus verlooss a kuerz drop sinn d'Pompjeeë vu Mäertert-Waasserbëlleg a vu Maacher agetraff.
Obschonns si séier agegraff hunn, konnte si net verhënneren, datt den Daach an den ieweschte Stack en Affer vun der Flame goufen.
D'Haus ass den Ament net méi bewunnbar, d'Awunner si bei Bekannten ënnerkomm. Blesséiert gouf awer keen.
Wéi de Blëtz ageschloen huet, waren am Museldall zolidd Wiederen.

Ofgesi vun deem Schued zu Waasserbëlleg huet d'Wieder keng extrem Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Ma an der Groussregioun hunn d'Pompjeeë méi dacks missten op en Asaz.
460 Interventioune wéinst Donnerwiederen an Iwwerschwemmungen gouf et fir d'Pompjeeë vu Nanzeg. 200 Pompjeeë waren déi ganz Nuecht iwwer am Asaz. 5.000 Leit hunn d’Nuecht iwwer missen ouni Stroum auskommen.
Fir Problemer hunn d’Donnerwiederen och an der Regioun Tréier gesuergt. Hei hat ënner anerem de Blëtz an ee Linnebus ageschloen, blesséiert gouf keen.


Äre Commentaire