Accident tësch dem Waldhaff an dem Stafelter: 3 Blesséierter

RTL - 22.05.2012, 06:09 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.05.2012, 13:15

Kuerz virun 2 an der Nuecht op en Dënschdeg ass tëscht dem Waldhaff an dem Stafelter en Auto iwwert eng Kräizung ewech an en Hiwwel gerannt.

© CI Niederanven/ Pompjeeën Gemeng Nidderaanwen

Den Alkohol- an Drogentest beim Chauffer ware positif, 3 Persounen am Won goufe verwonnt. Am Spidol goufe Blutt- an Urinprouwe geholl.

© CI Niederanven/ Pompjeeën Gemeng Nidderaanwen

Beim Accident war de Chauffer riicht iwwert d'Kräizung gefuer a koum dunn an engem Hiwwel un d'Stoen.

Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus dem CI Nidderaanwen an d'Police vu Gréiwemaacher.