CFL: Accident mat liicht Verwonnte bei Manövréierfeeler

RTL - 22.05.2012, 11:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.05.2012, 11:44

CFL: Um Dënschdeg ass op den Ofstellgleise am Süde vun der Stater Gare ee Waggon op den Nuechtzuch vun der SNCF opgefuer. E puer Leit goufe liicht verwonnt

D'Vitesse vum Waggon war nëmmen 10km/h. Ee Bunn-Aarbechter an e puer Leit vun enger Botzfirma goufe liicht verwonnt. Et ware keng Passagéier betraff. De Materialschued ass kleng.