Fusioun am Mëllechsecteur: MUH an Arla wëlle fusionéieren

RTL - 22.05.2012, 16:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.05.2012, 16:30 | 16 Commentaire(n)

Am Mëllechsecteur annoncéiert sech eng gréisser Fusioun mat Repercussiounen op d'Lëtzebuerger Mëllechbaueren: MUH an Arla wëllen zesummegoen.

Méi wéi een Drëttel vun alle Lëtzebuerger Mëllechbaueren liwweren un d'MUH.

Elo wëllen d'MUH, also d'Milch-Union Hocheifel an déi däitsch-skandinavesch Arla Foods hir Aktivitéiten an Zukunft zesummeleeën.


Wann d'Fusioun nom Vote den 26. Juni an den Assembléeë vun béide Genossenschaften ëppes gëtt, entsteet doduerch deen drëttgréisste Molkerei-Betrib an Däitschland.

D'MUH verschafft d'Joer 1,3 Mia Kilo Mëllech, bei der dänescher Arla-Molkerei sinn et 9,2 Mia Kilo.


Bei d'MUH liwweren eng 2800 Baueren, bei der Arla ginn eng 8000 Memberen an der Genossenschaft gezielt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!