Esch: Déidleche Verkéiersaccident an der Route de Luxembourg
RTL - 22.05.2012, 21:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.05.2012, 06:58
Um Dënschdeg kuerz virun 20 Auer koum et zu Esch an der Lëtzebuerger Strooss zu engem déidlechen Accident, wéi e Mann vun 58 Joer an e Bam gerannt ass.

Doropshi gouf d'Police alarméiert a knapps hat eng Patrull de Won gesinn, a Richtung Autobunn fueren, huet se gedréit a mussen nokucken, wéi de gesichte Won op der Kräizung vun der Route de Luxembourg mam Boulevard Aloyse Meyer op Héicht vun der Bensinsstatioun duerch Rout gefuer a riicht an e Bam gerannt ass.
Direkt sinn d'Beamten dohi gelaf, fir ze hëllefen, an hunn och den Auto geläscht, deen deen Ament Feier gefaangen huet; eréischt dono ass et gelongen, d'Chauffersdier opzemaachen - ma fir de Mann um Steier, een 58 Joer alen Awunner vun Diddeleng, sollt all Hëllef ze spéit kommen.
Als Ursaach fir den Accident kann e Malaise a Fro kommen.

Am Asaz: den Escher Samu, d'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch an de Groupe de Support Psychologique vun der Protex.
