Butteker an der Stad all 3. Sonndeg op? Hetto net ofgeneigt
RTL - 23.05.2012, 10:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.05.2012, 07:10 | 95 Commentaire(n)
Vum Juni un ass all 3. Sonndeg am Mount eng Brocante fir Privatleit um Knuedler. Déi Deeg sollen och all d’Geschäfter an der Stad op sinn.

De Buergermeeschter huet annoncéiert, dass vum Juni bis Oktober all 3. Sonndeg am Mount eng Brocante fir Privatleit um Knuedler ass. Dat war jo scho souwäit gewosst. Dorunner gekoppelt ass awer, dass déi Deeg och d’Geschäfter an der Stad wäerten opmaachen. D’Demande dofir läit am Mëttelstandsministère. D’Bereetschaft bei de Commerçanten ass grouss an d’Regierung ass favorabel, wéi et heescht.
|
Den éischte sougenannte “Vide Grenier” ass de 17. Juni um Knuedler a viraussiichtlech sinn dann eben och d’Geschäfter op, parallel ass de Glacismaart.
De Stater Buergermeeschter geet och dovun aus, datt alles dofir an d'Weeër geluecht gëtt, fir datt dat klappe soll.

D'Mëttelstandsministesch huet RTL géintiwwer positiv op d'Demande vun der Stad reagéiert.
D'Françoise Hetto huet vun enger interessanter Initiativ geschwat. Wann eng ganz grouss Majoritéit vu Geschäftsleit matmécht, gesäit si net an, der Stad dat ze refuséieren. Et wier jo d'Haaptstad an den Tourismus kéint och nëmmen dovu profitéieren.
Stater Commerce: Ee Sonnden am Mount op (23.05.2012)Der Stater Gemeng no sollen am Summer d'Butteker méi op sinn an zesummen mat engem Floumaart nees méi Liewen an d'Stad bréngen. |
Iwwerschoss vu 37,5 Mio €
D’Stad Lëtzebuerg schléisst d’Joer 2011 mat engem Iwwerschoss vu 37,5 Milliounen Euro of. Dat huet de Finanzschäffen um Mëttwoch de Moien vum City Breakfast annoncéiert. Dat huet awer net onbedéngt mat engem wirtschaftlech gudde Joer ze dinn. Et läit éischter drun, dass d’Regierung d’Kierperschaftssteier méi séier agedriwwen huet. Dobäi kommen d’Recetten aus dem Fonds de Dotation communale déi eropgaange sinn, well d’Populatioun gewuess ass.
Wat d’Depensen ugeet, hunn 2-3 Chantiere Retard kritt, sou dass een do manner Suen ausginn huet wéi geplangt.

Äre Commentaire