Bettel vs Mersch: Yves Mersch krut Onrecht, Baustopp bleift
RTL - 23.05.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.05.2012, 07:16
Affär Eecherfeld: Um Verwaltungsgeriicht war déi 1. Ronn am Prozess Bettel vs Mersch. Den Yves Mersch krut Onrecht an de Baustopp bleift bestoen.

Den Hannergrond vun der Affär
De Buergermeeschter huet jo e Baustopp dekretéiert géint e Projet vum Zentralbankchef um Eecherfeld an der Stad. De Xavier Bettel ass dogéint, dass aus deem Eecherfeld e Wunnquartier gëtt, an interpretéiert d’Virschrëften dowéinst restriktiv.
Am Juni 2011 hat den Zentralbankchef Yves Mersch bekanntlech vum deemolege Stater Buergermeeschter Paul Helminger eng Baugeneemegung fir en Terrain um Eecherfeld kritt. An den Ae vun deem sengem Nofolger Xavier Bettel goufen d’Virgabe vum PAG dee Moment manner restriktiv gesinn.
D’Baugeneemegung u sech kann zwar net méi zréckgezunn, ma et konnt e Baustopp dekretéiert ginn, sollten d’Premisse vun der Baugeneemegung net agehale gi sinn. Fir de Xavier Bettel ass dat de Fall. D’Baugeneemegung hätt nämlech fir eng Transformatioun, respektiv eng deelweis Reconstructioun vun engem Eefamilljenhaus gegollt; allerdings gouf dat komplett ofgerappt. Dowéinst fënnt de Buergermeeschter, dass d’Virgabe vun der Baugeneemegung net respektéiert goufen, an hien huet doropshin eben dee Baustopp dekretéiert, géint deen den Yves Mersch Recours agereecht huet. Den Zentralbankchef wëll iwwert dee Wee ë.a. erreechen, dass d’Aarbechte kënne weider goen.
E Mëttwochmoien huet de Me Lutgen, Affekot vum Yves Mersch, virop erkläert, dass bis op eng kleng Mauer alles ofgerappt gouf. Den Zentralbankchef hätt dat aalt Haus 1978 kaf, an et wär kloer gewiescht, dass et géif ofgerappt ginn. Fir den Affekot vun der Gemeng, Me Point, war dogéint keng komplett Demolitioun virgesinn a bléif näischt méi iwwreg vum Haus. Dobäi hätt d’Bausubstanz missen erhale bleiwen, soudass de Chantier ze stoppe war.
Den Affekot vum Yves Mersch huet doropshin ervirgestrach, dass de Buergermeeschter Helminger d’Baugeneemegung ginn hätt, de Buergermeeschter Bettel awer keng méi wéilt ginn, wat den Affekot als Détournement de pouvoir bezeechent huet. Dogéint war dem Affekot vun der Gemeng no d’Interventioun vum Buergermeeschter Bettel néideg, well an de Pläng vum Architekt vun enger Transformatioun an net vun enger kompletter Demolitioun Rieds war.
No der Sëtzung sot de Me Lutgen, Affekot vum Yves Miersch: "Loosse mer mol kucken, wat de President eis elo seet. Et geet elo nach net drëms, ob dee Baustopp u sech illegal ass oder net, et geet elo drëms, ob mäi Mandant en definitiven an irremediabele Schued huet."
De Me Point, Affekot vun der Gemeng, wollt sengersäits näischt soen.
Bettel vs Mersch: Yves Mersch krut Onrecht, Baustopp bleift (23.05.2012)Affär Eecherfeld: Um Verwaltungsgeriicht war déi 1. Ronn am Prozess Bettel vs Mersch. Eisen Informatiounen no krut den Yves Mersch Onrecht. |

