Accident op A6: Chauffer vu Camionnette (26) iwwerlieft net
RTL - 24.05.2012, 14:37 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.05.2012, 17:26
Um Donneschdeg kuerz virun 14 Auer ass et op der A6 tëscht der Aire de Capellen an der Sortie Mamer zu engem déidlechen Accident komm.

Den Accident ass a Richtung Stad geschitt.
Am Asaz waren: d'Protex vu Stengefort, de Sauvetage vu Mamer, de Stater Samu, d'Police an d'Ponts et Chaussées.
Nom Accident ass et direkt zu Problemer am Trafic komm. Géint 14.40 Auer war de Stau ewell 5 Kilometer laang, mat engem Zäitverloscht vu ronn 30 Minutten. Stau huet den ACL deen Ament och op der alternativer Streck, der N6 Mamer - Tossebierg, gemellt.
