Kichebrand zu Betten op der Mess - Kee Blesséierten

RTL - 25.05.2012, 06:01 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.05.2012, 06:08

Feier en Donneschdeg zu Betten op der Mess: Géint 19 Auer hauet et an enger Kiche gebrannt. Wéi d'Pompjeeën ukomm sinn, war d'Feier scho sou gutt wéi aus.

© SICD.lu
Et gouf awer eng staark Dampentwécklung. D'Flame waren vun der Hotte iwwert der Kachplack an de falsche Plafong gesickert. Deen ass erausgerappt a geläscht ginn fir e weidere Brand ze verhënneren. Et ass kengem eppes geschitt.



D'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech ware mat 17 Leit op der Plaz.