Amnesty International: Waffenhandel muss iwwerduecht ginn

RTL - 28.05.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.09.2012, 16:41 | 10 Commentaire(n)

Amnesty International fuerdert elo e robusten Traité iwwert den internationale Waffenhandel. 740.000 Mënsche weltwäit wieren all Joers Affer dovun.

© AFP

Dat heescht an anere Wieder, datt ongeféier all Minutt ee Mënsch stierft, wëll en erschoss gëtt. 

En Traité iwwert den internationale Waffenhandel ass also fir si e ganz wichtege Punkt a gëtt och staark am 50. Rapport vun der Mënscherechtsorganisatioun ervir gestrach.

Ma Amnesty International fuerdert awer op där anerer Hand och e staarken UNO-Sécherheetsrot. Deen aktuelle wier net méi zäitgeméiss, esou de Stan Barbant, Direkter vun der Organisatioun.

Dat géif e ganz besonnesch um Beispill vu Syrien mierken, wou all méiglech Aktioun vu baussen aus blockéiert ginn, an zwar vu China a Russland.

E geregelte Waffenhandel géif vill positiv an deem Fall mat sech bréngen. Ënner anerem, datt net méi egal wie Waffen an d'Hand kritt. Ma virun allem géing een domatten dem weltwäite Mënschemassaker e Schlussstréch zéien.

Amnesty international ass sech awer bewosst, datt verschidde Länner sech géint en Traité iwwert de Waffenhandel wieren, schliisslech geet et ëm vill Suen.

D'Waffenindustrie produzéiert 8 Millioune Waffen d'Joer an eng 875 Millioune Stéck sinn am Ëmlaf.

Sief och nach preziséiert, datt d'USA a Russland zesumme 54 Prozent vum weltwäite Waffenhandel bedreiwen an domadder bei wäitem déi wichtegst Produzente sinn.


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!