112: 4 Blesséierter bei Accidenter zu Walter a Bäerdref
RTL - 26.05.2012, 07:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.05.2012, 14:26
Trafic: Um Freidegowend goufe bei engem Accident vun 2 Autoen 2 Persoune blesséiert, deen nämmlechten Zeenario an der Nuecht op e Samschdeg zu Bäerdref.

Am Lokale mellt d'Protection civile um Samschdegmueren een Accident um Freidegowend géint 19 Auer zu Walter (Watrange): Hei waren zwee Autoen aneneegerannt, zwou Persoune goufe blesséiert.
Och zu Bäerdref op der Vugelsmillen sinn an der Nuecht op e Samschdeg no dräi Auer zwee Ween kollidéiert – och hei goufen zwou Persoune blesséiert. Déi lokal Rettungsdéngschter schwätzen esouguer vun 3 Blesséierten. De Schued un den Autoen ass héich.
Op der Plaz hei waren de Rettungsdéngscht, d'Pompjeeën an eng Ambulanz vum Centre d'Intervention vun Iechternach, d'Pompjeeë vu Bäerdref an nach eng Ambulanz aus der Fiels. D'Police vun Iechternach huet den Accident opgeholl.
Feier zu Fréiseng
Zu Fréiseng huet de Samschdegmoie fréi um 5 Auer an der Lëtzebuerger Strooss eng Kiche gebrannt.
D'Pompjeeë vu Fréiseng a vun Uespelt waren op der Plaz an hu geläscht.
