Begruewen ënnert Schierbelen: Aarbechtsaccident zu Diddeleng

RTL - 27.05.2012, 01:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.05.2012, 01:49

An der Diddelenger Industriezon Wolser ass et um Samschdegowend zu engem uergen Aarbechtsaccident komm, wéi een Aarbechter vu Glasplacke begruewe gouf.

© CI Dudelange
Et war 17.33 Auer, wéi een Aarbechter bei der Firma Luxguard domat beschäftegt war, eng Partie Glasplacke mat engem Gabelstapler ze transportéieren.

Wéi en d'Placken ofsetze wollt, ass den Accident geschitt: D'Glas mat engem Gewiicht vu bal 3 Tonnen ass op de Mann gefall an huet deen ënnert enger Onmass vu Schierbele begruewen.

Schwéier blesséiert ass e vun de Rettungsleit vun Diddeleng gebuerge ginn an nach sur place gouf e vum Escher Samu behandelt. D'Ambulanz vun Diddeleng huet deen Onglécklechen an d'Spidol bruecht.

Police an ITM wëllen elo erausfanne, wéi et zum Accident komme konnt.

© CI Dudelange