Permis fort: Mat 111 km/h duerch Esch/Uelzecht

RTL - 27.05.2012, 12:57 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.05.2012, 13:00

E Samschdeg ëm 23.20 Auer ass der Police zu Esch e Mann an d'Netz gaangen, dee mat 111 km/h ënnerwee war, wou der just 50 erlaabt waren.

An der Rue de Luxembourg gouf de "Raser" gestoppt a säi Permis gouf agezunn.