Esch: Mann mat Loftgewier, Police ëmstellt Haus

RTL - 28.05.2012, 12:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.05.2012, 12:29

Alkoholiséiert, blesséiert a mat Loftgewier am Grapp: Mann suergt um fréie Méindegmoien zu Esch fir grouss Opreegung.

An der Nuecht op e Méindeg géint 3.30 Auer krut d'Police eng Persoun gemellt, déi an der Rue de Luxembourg randaléieren an anerer bedréie géif.

Wéi eng Patrull op d'Plaz koum, huet déi gesinn, wéi ee Mann mat engem Gewier an en Haus gelaf ass.

De Mann war am Gesiicht blesséiert an hat ze vill gedronk.

E puer Patrullen hunn d'Haus ëmstallt ... Kuerz drop huet dunn de Jong vum Mann der Police d'Dier opgemeet.

Banne gouf de blesséierte Mann mat sengem Loftgewier fonnt - d'Waff huet d'Police u sech geholl.

Déi genee Ëmstänn vun dësem Virfall bleiwen awer nach ze klären.

De Parquet huet eng Enquête gefrot.