Iechternach: Een Auto fiert engem aneren hannendrop

RTL - 28.05.2012, 14:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.05.2012, 15:08

Am Ausgang vun Iechternach Richtung Stad ass um Méindeg géint 13 Auer ee Won engem aneren hannendrop gefuer. Eng Persoun koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

© CI Iechternach
Vill Gléck haten 2 Automobiliste wéi et um Méindeg géint 13 Auer zu Iechternach an der Lëtzebuerger Strooss op Héicht vun der Esso-Tankstell zu engem Accident koum.

Nodeems ee Won vun hannen an een anere gerannt war, koum just eng Persoun fir eng Kontroll an d'Spidol. De Schued un den Autoen ass awer héich.

Während den Opraumaarbechte war just eng Spuer fir den Trafic op.

Op der Plaz: d'Pompjeeën an d'Ambulanz vum Iechternacher Zenter an d'Police aus der Abteistad.

© CI Iechternach