Rodange: Röntgen beweist, Kaz hat Schossverletzung
RTL - 28.05.2012, 18:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.05.2012, 13:31
Zu Rodange gouf um Sonndeg eng blesséiert Kaz fonnt. Et huet sech erausgestallt, datt op si geschoss gi war. Um Méindeg ass se gestuerwen.

E Sonndeg den Owend géint 19 Auer huet d'Danielle Desorbay déi blesséiert Kaz an der Rue Charlotte op engem Trëttoir fonnt a se direkt bei e Veterinaire bruecht.
Eng Röntgen-Opnahm huet gewisen, datt mat engem Loftgewier op si geschoss gi war. D'Projektil ass däitlech um Bild z'erkennen.
Trotz der séierer Fleeg ass d'Kaz ass um Méindeg un hire Blessure gestuerwen.
Eng Enquête, fir erauszefannen, wie fir dës Dot responsabel ass, gouf an d'Weeër geleet.
