Hausbrand zu Déifferdeng: 2 Persoune konnte gerett ginn
RTL - 29.05.2012, 13:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.05.2012, 16:03
Zu Déifferdeng an der Rue Roosevelt stoung um Dënschdeg an der Mëttesstonn en Haus a Flamen. D'Pompjeeë konnten 2 Awunner a Sécherheet bréngen.

Wéi et zu dem Feier komme konnt, ass nach net gewosst.
Et hat och riskéiert, op Nopeschhaiser iwwerzegräifen.
D'Rue Roosevelt hat musse wéinst de Läschaarbechte fir den Trafic gespaart ginn.

