Iernzen (Fiels): Chalet-Haus a Flamen opgaangen
RTL - 29.05.2012, 13:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.05.2012, 19:12
Gréissert Feier um Dënschdegmoien zu Iernzen bei der Fiels: Géint 11.30 Auer ass ee Chalet-Haus an der Montée d'Ernzen Affer vun engem Brand ginn.

D'Besëtzerin vum Haus hat Heckereschter an Holz verbannt an doropshin d'Kuelen ausernee getässelt.
Wéi si du bis zréck an hiert Haus goung, hunn déi gliddeg Kuelen déi ganz hëlzen Terrass a Brand gestach.
D'Haus, dat zu 80 Prozent aus Holz gebaut wor, ass net méi bewunnbar. Blesséiert gouf bei deem Feier awer keen.

Am Asaz waren eng ganz Partie Corpsen aus der Ëmgéigend: Fiels, Gemeng Hiefenech, Waldbëlleg, Miedernach an d'Dréileeder vu Konsdref.

Ausserdeem sur place de Sauvetage an d'Ambulanz aus der Fiels an och d'Police vun do.

