Ugrëff op d'Schimmt: Wie kennt dëse Mann?

RTL - 29.05.2012, 19:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.05.2012, 19:09

D'Police sicht no engem Mann, deen de 17. Mäerz kuerz no 11 Auer ee 16 Joer jonkt Meedchen am Zuch vun der Stad op Rodange onsittlech beréiert huet.

© Police grand-ducale

De 17. Mäerz war e Samschdeg.

Souwuel d'Affer, wéi den Täter sinn zu Beetebuerg aus dem Zuch geklomm.

Wien eppes iwwert d'Identitéit vum Gesichte soe kann, soll den 113 kontaktéieren.