Schëffleng: 3 Brigangen no versichtem Abroch op der Flucht

RTL - 30.05.2012, 06:14 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.05.2012, 06:53

Zeienopruff: Probéierten Iwwerfall e Mëttwochmueren kuerz virun 5 an eng Bijouterie an der Liberatiounsstroos zu Schëffleng.

© Lynn Cruchten

Déi 3 Abriecher goufen awer am Buttek vum Proprietaire vun der Bijouterie iwwerrascht, deen duerch de Kaméidi wakreg gouf, an et koum zu enger muskléierter Ausernanersetzung, wou och een vun de Brigangen verwonnt gouf.

Am Ufank huet hien gemengt e kéim aus der Wunneng uewen driwwer oder vu Leit op der Strooss, relativ séier huet de Lucien Künsch dunn awer realiséiert, datt Banditen a sengem Geschäft wieren.

 AUDIO: De Proprietaire vun der Bijouterie, Lucien Künsch. »

Déi 3 maskéiert Männer konnten sech awer mat engem Auto ewechmaachen, deen dann och kuerz drop bei enger Tankstatioun zu Schëffleng erëmfonnt gouf.

Well net gewosst ass, op et do en zweeten Fluchtauto gouf, oder op déi 3 Männer zu Fouss ënnerwee sinn, hat d'Police den Appel gemaach fir kee mat ze huelen, deen eventuell an der Schëfflenger Géigend géif Autostopp maachen.

Och sinn Zeien gefrot, déi suspekt Persounen an deem Eck gesinn, dëst iwwert den 113 direkt ze mellen.

© Lynn Cruchten



Versichten Iwwerfall op Schëfflenger Bijouterie (30.05.2012)
Dräi Brigangen haten eng Vitrine vum Geschäft ageschloen. De Propriétaire vun der Bijouterie huet d’Abriecher am Butték iwwerrascht. D'Täter konnte flüchten.