Accident an der Fuussekaul: 1 Persoun méi schro verwonnt
RTL - 30.05.2012, 06:17 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.05.2012, 06:20
Accident en Dënschdegowend an der Fuussekaul: E Chauffer war mat sengem Won un d'Schleidere komm, wouropshin den Auto sech op de Daach getässelt hat.

Den Automobilist gouf méi serieux verwonnt. D'Ettelbrécker Ambulanz an de Samu grad wéi d'Heischter Pompjeeë waren op der Plaz.
