Den Hanta-Virus ass méi verbreet, well et och méi Mais ginn

RTL - 30.05.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.05.2012, 08:09 | 27 Commentaire(n)

Den Hanta-Virus ass méi verbreet wéi soss, et gëtt awer kee Grond ze panikéieren. Genee Zuele wéivill Leit bis ewell infizéiert goufen, ginn et keng.

D'Santé huet d'lescht Woch virum Hanta-Virus gewarnt, deen dëst Joer zu Lëtzebuerg an am Ausland méi verbreet ass wéi soss Joeren.

De Virus kënnt vun der Maus, e lauert meeschtens am Stëbs, wou de Mais hir Exkrementer dréchnen a wou en dann zimlech laang iwwerliewe kann.

Den Hanta-Virus kann de Mënsch dofir zum Beispill op engem stëbsege Späicher oder am Bësch erwëschen.

Et soll een awer elo net direkt panikéiere well sou séier infizéiert een sech och alt erëm net.

Bei Leit, déi ganz normal an de Bësch lafen oder spadséiere ginn gëtt et quasi keng Gefor.

D'Dokter Elisabeth Heisbourg aus der Santé:
Dat ass nëmmen an deem Fall, wou een mat vill dréchenem Holz eppes mécht wéi briechen oder seeën. Wann ee massiv dréche Blieder opraumt, wou de Risiko e reellen ass mä et ass awer kee Grond, awer wierklech ganz kloer kee Grond fir net an de Bësch ze goen... et ass kee Grond fir net lafen ze goen. Et ass nëmmen eng anormal Produktioun vu ganz vill Stëbs duerch Holz, duerch Blieder, wou Mais sech gingen ophalen, wou de Risiko zouhëlt.

Dofir solle Bëschaarbechter, déi de ganzen Dag dobausse schaffen, och besser oppassen. Si sinn engem méi grousse Risiko ausgesat an d'Santé réit hinnen dowéinst och sech mat enger Otemmask ze schützen.

Leit, déi normal doheem am Gaart schaffen, sollen am Beschten Händschen undinn, (iwwregens net nëmme wéinst dem Hanta-Virus), et soll ee keng doudeg Maus mat blousse Fanger upaken an probéieren se aus dem Haus erauszehalen.

Wann dat alles näischt hëlleft an een sech wierklech mam Virus ustécht, mierkt een dat am Ufank net onbedéngt, well d'Symptomer déi selwecht sinn wéi bei enger Gripp.

De Problem wou een dann awer soll ufänken drun ze denken, dat ass wann z.B. och um Niveau vun Aen... wann d'Visioun sech bësse verännert... wann ee bësse schlecht gesäit. Wann een do Problemer feststellt, da misst een eigentlech drun denken. 

Den Hanta-Virus ass an deene seelenste Fäll déidlech. Zu Lëtzebuerg ass och nach kee Mënsch dodru gestuerwen, confirméiert d'Santé.

Datt de Virus dëst Joer méi verbreet ass leit ganz einfach dodrunner, datt et méi Mais ginn.

Méi Mais well d'lescht Joer festgestallt ginn ass, dass vill Fruucht gewuess ass op de Beem wéi Biche an Eechen, an doduercher vill Nahrung fir d'Mais, an dat ass d'Erklärung dofir.

Wéi vill Fäll et bis elo zu Lëtzebuerg ginn, ass schwéier ze soen, well d'Krankheet net muss gemellt ginn, allerdéngs huet d'Santé ganz kloer gemierkt datt si der elo schonn däitlech méi gemellt krut wéi soss Joeren ëm dës Zäit.


Hanta-Virus zu Lëtzebuerg (29.05.2012)
Den Hanta-Virus iwwerdréit sech duerch d'Exkrementer vun de Mais, an dat iwwer d'Otemweeër.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!