MDB: Cafetiere kënne Fëmmverbuet elo schonn aféieren

RTL - 31.05.2012, 06:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.06.2012, 08:37 | 53 Commentaire(n)

De Gesondheetsminister huet een Appel un d'Cafetiere gemaach, scho virum Gesetz d'Fëmmverbuet fräiwëlleg anzeféieren. Dofir gëtt et dann och e "Label".

Déi eenzel Wiert solle vu Säite vum Gesondheetsministère ënnerstëtzt a mat enger Zort Label ausgezeechent ginn. Am Mars Di Bartolomeo sengen Aen ass ee Gesetz awer absolut noutwenneg.

 AUDIO: De Mars Di Bartolomeo »



Trotz dëser Initiativ, d'Fëmmverbuet scho virun der gesetzlecher Regelung op fräiwëlleger Basis anzeféieren, geet d'Anti-Tubak-Gesetz net an d'Richtung vun engem Status-Quo, sou nach den zoustännege Minister. Elo scho géife verschidde Cafetieren d'Fëmmverbuet bei sech, mat Stolz, aféieren. Aktuell ginn déi eenzel Avise zum Gesetz analyséiert. Wann dës all zesumme sinn, gëtt nach eemol de Regierungsrot mam Projet saiséiert. Wéini an ënner wéi enger Form d'Gesetz definitiv soll a Kraaft trieden, wor um Donneschdegmoien nach net gewuer ze ginn.

D'CSV ass der Meenung, d’Fëmme soll wuel an all den Discoe verbuede ginn, ma net an all de Caféen. Do misst eng Méiglechkeet bestoen, datt a verschiddene Bistroen och weider ka gefëmmt ginn. Ma och eng CSV ass der Meenung, datt de bloen Damp an de meeschte Cafée lues a lues sollt verbuede ginn. Déi zwou Parteie sinn zanter e puer Méint a Verhandlungen. Bis ewell koumen CSV an LSAP nach net zu engem konkrete Resultat, wat och bedeit, datt dem Minister di Bartolomeo säin Avant-Projet op Äis bleift.


MDB: Cafetiere kënne Fëmmverbuet elo schonn aféieren (31.05.2012)
De Gesondheetsminister huet een Appel un d'Cafetiere gemaach, scho virum Gesetz d'Fëmmverbuet fräiwëlleg anzeféieren. Dofir gëtt et dann och e "Label".

Weltdag ouni Tubak

An deem Kader lancéiert de Gesondheetsministère eng nei Sensibiliséierungscampagne ënnert dem Motto "Bravo, datt dir opgehalen hutt." an deem och d'Tubaksindustrie am Mëttelpunkt vun de Gespréicher ass.

D'Gefore vum Tubak si bekannt an awer muss een ëmmer nees d'Zuelen widderhuelen: Esou stierwen hei am Land eng 600 Leit wëll se gefëmmt hunn, eng 60 Doudesfäll ginn an der Moyenne am Joer dem passive Fëmmen zougeschriwwen.

D'Weltgesondheetsorganisatioun constatéiert, datt den Tabagissem eng Pandemie ass, déi responsabel ass fir 5 Milliounen Doudeger d'Joer weltwäit.

Um Weltdag ouni Tubak proposéieren eng Rëtsch Spideeler Informatiounen fir déi, déi gewëllt sinn duerch e Plang vu Sevrage fir mam Fëmmen opzehalen ... Informéiere kann ee sech am CHL, der Bohler-Klinik an dem Spidol um Kierchbierg.


Bravo, datt dir opgehalen hutt! (31.05.2012)
Déi nei Sensibiliséierungscampagne vum Gesondheetsministère soll Fumeure motivéiere mam Fëmmen opzehalen. Fotoen vun Ex-Fëmmerte sollen dozou bäidroen.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!