Kriteschen Artikel: Solarenergie mat ville Schietsäiten?
RTL - 01.06.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.06.2012, 19:52 | 6 Commentaire(n)
An engem Artikel vun der Nummer 15 vun der Weltwoche heescht et, datt de Solarstroum vill Schietsäiten hätt, wéinst zum Deel ganz gëftege Substanze.

Des Substanze géife bei der Produktioun vun de Solarzelle verwäert ginn an och d'Entsuergung vun den ausgedéngten Zelle wär problematesch.
Mä dat wier jo scho bekannt och vun aneren Elektro-Apparater. Fir de Mënsch besteet awer keng Gefor fir d'Gesondheet.
Den Ament ass de Photovoltaik Marché zu 85% op Solarzellen mat Silizium baséiert. Problematesch bei där Zort Zelle kann de Bläi sinn, mat deenen d'Zellen zesumme geléit ginn. Ëmmer méi Produzente versiche dës ze vermeiden, mä verbuede wieren se dem Ament nach net.
Iergendwann eng Kéier no 25 bis 40 Joer mussen d'Solarmoduler ersat ginn, an do ginn et scho ganz gutt Méiglechkeete fir dës ze recycléieren. Wat beim Atomstroum net de Fall ass.

Äre Commentaire