Regierung: Pneuendeponie sanéieren, Sécherheet assuréieren

RTL - 01.06.2012, 18:32 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.06.2012, 18:47 | 10 Commentaire(n)

D'Protection nationale soll nei geregelt an e Konzept, fir de Kallekhaff ze sanéieren, soll entwéckelt ginn, esou de Regierungsrot.

D'Protection nationale – also den nationale Schutz viru Katastrofen – war e Freideg ee vun de wichtege Punkten am Regierungsrot. Déi Protection nationale soll nei geregelt ginn.

Et kléngt alles noutwendegerweis nach ganz abstrakt, wat do soll gemaach ginn. Ugefaang mat dem Zil vun der Protection nationale: Do geet et drëm, Krisen ze verhënneren, respectiv d'Land an d'Leit virun de Suitë vun enger Kris ze schützen. Ob dat eng Epidemie oder de Broch vun engem Staudamm oder terroristesch Attentater sinn, dat ass nach net ugeschwat.

Fir d'Protection nationale gëtt eng organisatoresch Struktur geschaaf; do sinn dran: den haut-commissariat à la protection nationale, de conseil supérieur dovunner, d'cellule de crise a sougenannt national Comitéen, déi sech ëm déi technesch Aspekter këmmeren.

Am Gesetztext soll dann nach iwwer déi kritesch Infrastrukture geschwat ginn. Nach ëmmer abstrakt geet et drëm, ze verhënneren, ofzeschwächen an ze neutraliséieren, datt bestëmmte liewenswichteg Liwwerungen oder Servicer am Land net méi kéinte geleescht ginn. Wien hei un elektresch Leitungen oder Bensinslager denkt, dee läit sécher net falsch.

Déi liewenswichteg Institutioune solle repertoriéiert a rezenséiert ginn an d'Proprietairen dovunner kënnen opgefuerdert ginn, bestëmmte Mesuren ze huelen, fir de Schutz vun hiren Institutiounen.

Wou déi Protectioun jo net geklappt hat, dat war am Laf vun de Joren zu Biissen, wou jo ongestéiert Tonne vun ale Pneuen e Rampli erof an d'Landschaft gepucht gi waren. D'Regierung wëll elo ënnersiche loossen, wéivill al Pneue genee um Kallekhaff leien, wéi geféierlech se sinn, an et soll e Konzept entwéckelt ginn, fir de Kallekhaff ze sanéieren.

Ugeholl gouf och e groussherzoglecht Reglement, mat deem dem Staat seng Bäihëllefe fir d'Kannerbetreiung solle geregelt ginn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!