Groussalarm wéinst Zëmmerbrand e Samschdegmoien zu Péiteng
RTL - 02.06.2012, 08:37 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.06.2012, 08:45
E Samschdegmoien um 4h46 gouf Groussalarm bei de Péitenger Pompjeeën ausgeléist, dat wéinst engem Zëmmerbrand an der rue des Romains zu Péiteng.

Ausléiser vum Brand war eng Käerz déi vergiess gouf auszemaachen. D'Pompjeeën haten d'Feier séier ënner Kontroll a geläscht, well et awer eng staark Dampentwécklung gouf, huet d'Haus nach eng Zäit laang musse belëft ginn.
D'Pompjeeë ware mat 33 Mann an 8 Gefirer am Asaz. Op der Plaz war och nach d'Police vun Déifferdeng.

