Präsenz vum Ierfgroussherzog wichteg bei Wirtschaftsmissioun
RTL - 06.06.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.06.2012, 12:26 | 20 Commentaire(n)
A sengem éischten Interview no sengem Récktrëtt aus der Politik verréit de Jeannot Krecké puer intressant Detailer aus senger Zäit als Wirtschaftsminister.

Et ass den éischten Interview vum Jeannot Krecké, zënter datt hie sech den 1te Februar definitiv aus der Politik zeréck gezunn hat.
Als Wirtschaftsminister huet de Jeannot Krecké zënter 2004 vill Prospektiounsreesen, gemaach, dovun alleng der 9 an d'USA. Haaptsächlech Betriber aus dem IT, Biotech an E-Commerce Beräich waren interesséiert hei am Land ee Standbeen op ze bauen. Datt Entreprise mat enger industrieller Produktioun manner viséiert waren, erkläert de fréiere Wirtschaftsminister, mat der Tatsaach, datt Lëtzebuerg dofir ze deier ginn ass, et sief ee Produit wär ganz héichwäerteg a spezifesch. Donieft géif et hei och net déi néideg Main d'Oeuvre gi, wann z.B. eng Firma 3.000 Leit bräicht fir eng industriell Produktioun op ze bauen.
Aus deene Grënn ass sech drop konzentréiert ginn, fir de Sëtz vun auslännesche Firmen op Lëtzebuerg ze lackelen.
Villes géif duerch gutt perséinlech Kontakter, respektiv esou guer Frëndschafte mat de Politiker aus anere Länner méi einfach ginn. Ganz wichteg wier och d'Präsenz vum Ierfgroussherzog bei wirtschaftleche Missiounen, mat him wär d'Delegatioun dacks zwee Stäck méi héich komm, ewéi ouni hien.
Als ganz komplizéiert, beschreift de Jeannot Krecké de Match dee gelaf fir, bis datt Mittal konnt Arcelor iwwerhuelen. D'Regierung war laang dogéint, mä als Wirtschaftsminister hätt hien d'Gefill gehat, datt ee sech net konnt dogéint wieren, a war deen eenzegen deen deemools mam Lakshmi Mittal Kontakter hat. Et war mam Premier ofgemaach, esou de Jeannot Krecké, datt deen d'Oppositiounsschinn géif fueren, an hien déi aner. Am Réckbléck seet de Jeannot Krecké, datt et zu der aktueller Situatioun an der Stolindustrie och komm wär, wann d'Arcelor net vum Mittal iwwerholl gi wär, da wär een anere komm.
Zënter datt de Jeannot Krecké net méi Wirtschaftsminister ass, huet hien eng Consulting Firma gegrënnt. Hie wär zwar net méi vum Lëtzebuerger Staat ofhängeg, mä wier awer bereet ze hëllefen wann hie géif gefrot ginn. D'Land hätt him vill ginn an hie wier dofir och bereet eppes zeréck ze ginn.

Äre Commentaire