A4 an A1 deels iwwert de Weekend gespaart
RTL - 08.06.2012, 11:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2012, 11:33 | 1 Commentaire(n)
Wéinst verschidden Aarbechten sinn d'Autobunnen A4 an A1 deels iwwert de Weekend gespaart.

Bis de nächste Méindegmuere 6 Auer bleift Strooss zou, well de Stroossebelag frësch gemeet gëtt.
D'Deviatioun geet iwwer d'A6, d'A3 an d'A13, ma d'Autobunn bleift awer a Richtung Lëtzebuerg op.
Weidere Chantier dann op der A1 a Richtung Lëtzebuerg: Wéinst der 2. Phas vun de Renovatiounsaarbechten am Tunnel Cents gëtt d'Circulatioun op eng Bunn reduzéiert.
Vu samschdes 7 Auer bis sonndes 17 Auer ginn Installatiounsaarbechten duerchgefouert, duerno kann nees op zwou reduzéierte Bunnen zirkuléiert ginn
Während deem mellen d'Ponts & Chaussée awer och, datt d'Sortie N°7 "Hamm (Irrgarten)" zou ass a Richtung Lëtzebuerg.

Äre Commentaire