Referenzdokter: Accord "in extremis" fonnt
RTL - 06.06.2012, 17:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.06.2012, 07:49 | 30 Commentaire(n)
Kompromëss fonnt: Referenzdokter gëtt nei cibléiert. E soll sech an enger éischter Phas op eeler Leit a Leit mat chronesche Krankheete konzentréieren.

De Referenzdokter kënnt, allerdéngs just lues a lues.
D'Vertrieder vun den Dokteren an d'Gesondheetskeess si sech um Mëttwoch a leschter Minutt eens ginn, am anere Fall wier den Dossier op d'Geriicht gaang.
Dem Gesetz no kënnen all d'Leit e Kontrakt mat hirem Dokter ënnerschreiwen, mä an éischter Linn gëllt de Referenzdokter elo mol -der CNS no vum 1. Juni un- fir Leit, déi méi wéi 70 Joer hunn a fir Leit, déi chronesch krank sinn.
Hiren Dossier gëtt dann zwee Mol am Joer vum Dokter analyséiert an dee mécht dann och e Resumé vum Patient sengem Gesondheetszoustand.
Fir déi Leeschtung freet den Dokter dann een Tarif, dee méi héich ass wéi bis elo. Wéi vill Leit e Kontrakt mat hirem Referenzdokter ënnerschreiwen, ass schwéier soen. D'Gesondheetskeess rechent a Priori awer mat 80.000 Patienten.
Iwwert de Käschtepunkt fir d'CNS ass um Mëttwoch nach näischt gesot ginn.
|
De Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo ass zefridden iwwert e Kompromëss deen elo fonnt kënnt. Duerch dee Schrëtt gëtt d'Allgemeng-Medezin revaloriséiert, sot hien.
De Referenzdokter ass awer nëmmen ee vun de Punkten aus dem Kader-Gesetz vun 2011, deen elo ëmgesat gëtt.
Referenz-Dokter: A leschter Minutt ass een sech eens ginn (06.06.2012)De Referenzdokter kënnt. Mee e soll sech an enger éischter Phas op eeler Leit a Leit mat chronesche Krankheete konzentréieren. |

Äre Commentaire