Schlecker: 28 Lëtzebuerger Butteker kennen Opootmen
RTL - 08.06.2012, 13:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2012, 15:20 | 3 Commentaire(n)
Nodeems LCGB an OGBL um Freideg mat der Direktioun vum däitschen Drogerie-Grupp beienee koumen, ass kloer, datt déi Lëtzebuerg Filial Opootme kann.

Déi 28 Butteker ginn nämlech weider duerch däitsch Logistik-Filièrë beliwwert.
Deemno besteet de Gewerkschaften no, net de Risk vun engem Ewechfale vun de Liwwerungen oder dem Net-Ausbezuele vun de Paien.
Et bleift natierlech awer nach ze klären, wat mat Schlecker Éisträich geschitt, dëst ass jo d'Mammenhaus vun de lëtzebuerger Butteker.

Äre Commentaire