UDO an der Arméi: "Superprioritéit" ofschafen, sou CHFEP

RTL - 08.06.2012, 18:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2012, 17:30

UDO an der Arméi: D'Staatsbeamtekammer plädéiert derfir déi "Superprioritéit" fir d'Zaldoten, déi sech fir dës speziell Unitéit engagéieren, ofzeschafen.

No der Boxemännerchersaffär ass et an der Lescht roueg ginn ëm d'Arméi. De Marc Fischbach ass mat sengem Rapport am Gaang an de Ressortminister Jean-Marie Halsdorf huet e Gesetzprojet deposéiert, fir déi sougenannte „Superprioritéit“ z'iwwerschaffen, déi Zaldoten ze gutt hunn, wa se sech an enger UDO, also enger Unité de disponibilité opérationelle engagéieren.

Iwwerschaffe geet der Staatsbeamtekammer awer net duer. D'Chambre des fonctionnaires et employés publics plädéiert derfir dës extra Avantagen ofzeschafen. D'Superprioritéit schaaft an hiren An nämlech eng Zwouklassen-Arméi. Dem Generalsekretär vun der CGFP Romain Wolff no géifen et genuch Fräiwëlleger ginn, déi sech och ouni dës Prioritéit a sou eng Unité de disponibilité opérationelle melle géifen.

Dës "Superprioritéit" war 2007 agefouert ginn. Bis deen Ament hat jiddereen, also all fräiwëllegen Zaldot eng Prioritéit ze gutt, ouni Ënnerscheeder. Donieft soll och eng Prioritéit fir d'Carrière vum Staatsaarbechter agefouert ginn. D'Staatsbeamtekammer ass souwisou der Meenung, datt de Gesetztext illegal ass. D'Personalvertrieder wieren absolut net ëm hir Meenung gefrot ginn.

Dem Romain Wolff no wier et och méi opportun gewiescht, dem fréieren Ombudsman seng Analyse iwwert d'Situatioun an der Arméi ofzewaarden, ier een Changementer op den Instanzewee bréngt.

Duerno wier dann nach ëmmer Zäit gewiescht, fir mat de verschiddenen Acteuren also och der Personalvertriedung zesummen Proposen fir e bessere Fonctionnement an der Arméi auszeschaffen.