ArcelorMittal: 400 Leit sinn hei vum Plazen-Ofbau betraff

RTL - 28.11.2008, 11:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.11.2008, 08:15

ArcelorMittal wëll zu Lëtzebuerg 400 Leit ofbauen. Weltwäit sollen et der 9000 sin. Die 400 bei eis wiere Leit aus dem Siège an aus de Services généraux.

Dat sot de John Castegnaro, President vun der Stol-ASBL, also vun der gemeinsamer Struktur vun OGB-L an LCGB, um Freideg Moien no der Entrevue um Rousegäertchen mat Vertrieder vun der Generaldirektioun vun ArcelorMittal.

Di wichtegst Noriicht ass awer, sou de John Castegnaro, datt den Text paraféiert gouf vun der Tripartite Lux 2011.

Datt keen entlooss soll ginn, hätt d’Generaldirektioun och um Freideg Moien confirméiert, sou de John Castegnaro.

Dodriwwer wéi die vun ArcelorMittal gewënschte fräiwëlleg Départen sollen ausgesinn, goufen et keng Informatiounen, sou de President vun der Stol-ASBL.
Die nächste Woch, de 4. Dezember, kënnt iwweregens d’Urgence de Comité mixte vun ArcelorMittal Lëtzebuerg zesummen.

D'Stol-ASBL gouf am Mee 2002 vun de Gewerkschaften OGB-L an LCGB gegrënnt.

De Lëtzebuerger Member vun der Generaldirektioun vun ArcelorMittal, de Michel Wurth, ass de Freidegowend Invité am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.