Esch: Mann ugestouss a Kanalstrooss, schwéier verwonnt

RTL - 10.06.2012, 10:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.06.2012, 10:55

Esch: E Samschdeg um 15.23 Auer huet ee Camionschauffer op der Héicht vun der Kanalstrooss een eelere Mann ugestouss an derbäi schwéier blesséiert.

© Patrick Funk
De Chauffer hat de Mann net gesinn, wéi deen vun der Kanalstrooss an d'Rue du X septembre wollt goen. Den Onglécklechen ass vum rietse viischte Pneu vum Camion erfaasst ginn. Hie gouf liewensgeféierlech verwonnt.