Gemengerot Mamer: 32 Demandeurs d'asile um Mamer Camping
RTL - 11.06.2012, 09:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.06.2012, 12:36 | 92 Commentaire(n)
Op der Sich no Infrastrukture fir den Hebergement vu Flüchtlingen ass d'Ministesch och an der Gemeng Mamer op een adequate Site gestouss...

...An de Mamer Gemengerot ass elo dem Wonsch vun der Ministesch nokomm.
De Mamer Gemengerot weist sech solidaresch an der Flüchtlingsproblematik a gëtt säi prinzipiellen Accord fir um Mamer Camping an enger provisorescher Containerinfrastruktur 32 demandeurs d'asile opzehuelen.
Op Wonsch vum Proprietaire vum Camping sollen hei de préférence Flüchtlingen aus dem Iran, dem Irak Syrien an Afghanistan hebergéiert ginn an dat well ee Familljemember di arabesch Sprooch beherrscht.
Wéi de Mamer Buergermeeschter Gilles Roth (CSV) ënnerstrach huet sollen d'Kanner vun den demandeurs d'asile net an de Mamer Schoulbetrib integréiert ginn. AUDIO: De Gilles Roth »
An engem Bréif un d'Ministesch fir Famill an Integratioun gëtt och drop higewisen datt de Mamer Camping an enger Gréngzone läit an datt den Hebergement vun den Demandeurs d'asile kee permanente Charakter dierft kréien an datt een d'Flüchtlingen och net op de Populatiounsregister vun der Gemeng Mamer feigen ageschriwwe ginn. En plus reservéiert sech d'Gemeng d'Recht fir à tout moment Abléck an d'Fiche de recensement vun de Flüchtlingen ze kréien an datt am Fall wou all di virgenannte Konditiounen net erfëllt wieren d'Gemeng de Séjour um Camping géif verbidden.
De Mamer Gemengerot huet sech wéi gesot prinzipiell an eestëmmeg fir d'Ophuele vun 32 Demandeurs d'asile um Site vum Mamer Camping ausgeschwat.

Äre Commentaire