Volontariat: Indemnitéite bis 5.000 € vun elo u steierfräi

RTL - 11.06.2012, 10:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.06.2012, 06:56 | 29 Commentaire(n)

An Zukunft musse Fräiwëlleger just nach hir Indemnitéiten deklaréieren wann déi iwwer 5'000 Euro leien. Bis dee Forfait ass d'Akommes also steierfräi.

© RTL / Erny Klein

Dausende vu Leit engagéiere sech hei am Land nieft hirer Schaff fräiwëlleg am soziale, sportlechen oder kulturelle Beräich. Verschiddene ginn dofir bezuelt - wann och net gutt - a bis elo hu si dëst Akommes missen deklaréieren. Dee Pabeierkrich ass elo eriwwer - op mannst een Deel dovun.

Eng gutt Nouvelle also aus dem Finanzministère - déi e Méindegmoien de Finanzminister Luc Frieden annoncéiert huet: An Zukunft musse Benevolen hir Indemnitéite vu bis 5.000 Euro d'Joer net méi deklaréieren.

De Luc Frieden hätt vill Bréiwer krut an dofir decidéiert, dorop ze reagéieren, sou de Luc Frieden. Indemnitéiten iwwer 5.000 Euro muss ee wéi bis elo och deklaréieren.

De Seuil vun 5.000 Euro gouf arbitraire vum Minister fixéiert, an esou héich ugesat, fir dat sou mann wéi méiglech Leit nach mussen eng Declaratioun maachen, sou de Luc Frieden. Hie geet dovun aus, dat Dausende vu Leit am Fall sinn - et wier awer schwéier ze schätzen, wéi vill Steieren de Staat duerch dës Ännerung manner an d'Keess kritt.

Grad a Krisenzäiten misst awer de sozialen Engagement ënnerstëtzt ginn, sou de Minister.

D'Regel gëllt net fir kommerziell Aktivitéiten an trëtt direkt a Kraaft - duerch eng Circulaire vum Direkter vun der Steierverwaltung. Si gëllt och fir Declaratiounen vun zejoert oder virzejoert. Leit, déi schonn eng Ofrechnung kruten, kënne bannent 3 Méint eng Demande maachen, dat déi nei Regel applizéiert gëtt.


Bénévolat: 5000 Euro steierfrai (11.06.2012)
Freiwelleger, déi fir hieren Engagement eng Indemnitéit kréien, brauchen déi net méi ze déclaréieren, wann de Montant net iwwer 5000 Euro rausgeet.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!