OGM: Bauerenzentral warnt virun Ierféierung vum Verbraucher

RTL - 11.06.2012, 12:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.06.2012, 00:44 | 3 Commentaire(n)

OGMen: Am RTL-Interview sot d’Directrice vun der Bauerenzentral, dass d’Ierféierung vum Verbraucher op zwee Niveaue geschitt.

© AFP

An der jéngsten Editioun vum „Lëtzebuerger Bauer“, der Zeitung vun der Bauerenzentral, gëtt sech am Editorial mat de genmodifizéierten Organismen, kuerz OGMen, beschäftegt, dat ënnert der Iwwerschrëft „D’Bauerenzentral warnt virun enger Ierféierung vun de Verbraucher“.

Am Leitartikel heescht et, am Zesummenhank mat der Landwirtschaft wären d’OGMen nach ëmmer en extrem sensibelt Thema. Am RTL-Interview dozou sot d’Directrice vun der Bauerenzentral, dass d’Ierféierung vum Verbraucher op zwee Niveaue geschitt.

Engersäits wären d’OGMen elo scho vill méi verbreet, wéi sech de Bierger dat virstelle kéint, anerersäits kéint en duerchernee gemaach ginn duerch e Label fir OGM-fräi Produiten, dee soll agefouert ginn, sou d’Josiane Willems. Dee Label wär just virgesi fir Produite wéi z.B. Soja oder Mais, wou OGMe kéinten dra sinn, déi an der EU zougelooss sinn. Uebst, Geméis a Brout wäre wuel OGM-fräi, mengt d’Directrice vun der Bauerenzentral, kënnen awer net dee Label kréien. Dofir ass et wichteg fir dem Konsument déi wichteg a vollstänneg Informatiounen ze vermëttelen, fir datt net gemengt gëtt datt e Produit OGM-fräi ass, nëmme well en net esou gekennzeechent ass.

Produiten, wou z.B. Soja dran ass, mussen haut net speziell etiquetéiert ginn, wa se net méi wéi 0,9% OGMen enthalen, ënnersträicht d’Josiane Willems, fir déi e minimalen OGM-Undeel näischt un der Qualitéit an der Onbedenklechkeet vum Produit ännert. Vu dass 90% vum Soja weltwäit genmodifizéiert ass, wären och an dem ganz groussen Deel vu Produiten, an deene Soja dran ass, OGM-Spueren ze fannen. Der Directrice vun der Bauerenzentral no schwätzt ee vun Dausende vu Produkter. Kotteng ass zum Beispill och ee Produit dee ganz dacks genetesch modifizéiert gouf.

Mat Ausnam vu Spuenien ginn awer an Europa keng OGM-Planzen ugebaut; an der ganzer EU kënnt een op manner wéi 100.000ha.

Wat deen ugeschwatene Label ugeet, bedeit deen an den Ae vum Josiane Willems Méikäschte fir d’Landwirtschaft, ouni eng Valeur ajoutée duerzestellen. Nawell ass si net géint d’Aféiere vu sou engem Label. D'Bauerenzentral mengt just datt ee virsiichteg muss domatter ëmgoen, fir de Konsument och net hei ierzeféieren.

Dat géif weder dem Konsument, nach der Landwirtschaft eppes bréngen, fënnt d’Directrice vun der Bauerenzentral.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!