Energieffizienz vun Haiser a Gebaier gëtt weider verbessert
RTL - 11.06.2012, 16:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.06.2012, 06:55 | 20 Commentaire(n)
Enger EU Direktive no, sollen déi ëffentlech Gebaier bis 2019 um Standard vu quasi Nullverbrauch ukommen, fir privat Haiser ass bis 2021 Zäit.

De Wee dohi geet an Etappen. Den Energieminister Etienne Schneider huet de Mëtteg déi nei Bestëmmungen déi vum 1te Juli u gëllen, virgestallt.
AUDIO: Etienne Schneider, Energieminister. »
Wat d'Wunnengen ugeet, fir déi vun deem Datum un eng Baugenehmegung gefrot gëtt, musse si bei der Isolatioun d'Klass C a beim Gesamtenergie Bilan ee B areechen. Bis elo ass een D duergaang. Déi nei Reglementatioun gëllt nieft beim Neibau, och fir d'Ausbauen an d'Renovatioun.
Déi eenzel Klasse musse vum 1te Juli un, och an all Immobilienannonce ausgewise sinn.
A wat fir enger Klass een Haus ukomm ass, weist den Energiepass aus. Iwwer Stéchprouwen ënner den 900 Experts déi där Päss däerfen ausstellen, si Kontrolle vum Energieministère gemaach ginn. Do war näischt opgefall. Privat Leit haten awer fir 9 Experts,
Problemer an den zoustännege Ministère gemellt. Schlussendlech sinn der 4 zeréck behal ginn, deenen hir Expertisen net ware, wéi se sollten. Si kréie fir 6 Méint hiren Agreement ofgeholl a mussen zousätzlech Formatioune maachen. Den Etienne Schneider geet net dovun aus, datt express gefuddelt gouf.
Méi energieeffizient bauen! (11.06.2012)Bis 2018 sollen Niddregenergiehaiser Standard sinn. Dann däerf näischt ënnert A+ méi gebaut ginn. |


Äre Commentaire