83,8 Milliounen Euro Studentebäihëllefen dëst Schouljoer

RTL - 12.06.2012, 06:12 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.06.2012, 06:18

Studentebäihëllefen: D'Demanden sinn an de leschte Joeren rasant an d'Luucht gaangen. Et waren der iwwer 13'600 dëst Schouljoer.

De Verdikt ass nach ëmmer an der Schwief, en attendant huet den Héichschoulminister Francois Biltgen e Méindeg an der zoustänneger Chamberkommissioun de Bilan vun de Studentebäihëllefe gemaach. D'Demanden sinn an de leschte Joeren rasant an d'Luucht gaang, vun 3'600 am Schouljoer 2008/2009 op iwwer 13'600 dëst Schouljoer, wat haaptsächlech duerch déi nei Regelen beim Kannergeld bedéngt ass. Nëmmen 375 Dossieren hunn aus diverse Grënn missten refuséiert ginn, déi meescht well den Delai verpasst gouf. De Staat léisst sech dat alles eppes kaschten. D'Montanten vun de Boursen sinn vu 14,8 2008/2009 op 83,8 Milliounen Euro geklommen. Dëst Schouljoer kréien d'Studenten also am ganzen 83,8 Milliounen Euro u Bäihëllefen ausbezuelt.

Wéi et um Chambersite heescht, huet de Francois Biltgen nach emol kloer gemaach, datt et kee Plang B fir d'Studentebäihëllefe gëtt, datt et onméiglech wier zeréckzegoen ouni d'Héichschoulpolitik a Fro ze stellen. Den Ament ass den europäesche Geriichtshaff jo mam Dossier befaasst. 764 Frontalieren haten virum Verwaltungsgeriicht geklot, well si keng Suen méi accordéiert kruten.