5 Joer Wickreng/Léiweng: Top-Thema um Dënschdeg op RTL Télé
RTL - 12.06.2012, 14:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:48 | 21 Commentaire(n)
An engem "Top-Thema" huet RTL Télé Lëtzebuerg um Dënschdeg virum "Showdown" an der Chamber um Mëttwoch op 5 Joer Wickreng a Léiweng zeréckgekuckt.

Zwee Joer drop hat en anere Promoteur, de Flavio Becca, d'Iddi, zu Léiweng e "Factory Outlet Center" mat nationalem Footballstadion opzeriichten.
Béid Promoteure wollte Milliounen Euro an hir Projete stiechen an Aarbechtsplaze schafen.
E Shopping Center zu Wickreng? Dat entsprécht net der Landesplanung! Sot d'Regierung.
Zu Léiweng huet de Staat an der Tëschenzäit seng ursprünglech geplangte Participatioun un de Stroosseninfrastrukturen op Äis geluecht.

Béid Projeten hunn awer evoluéiert:
- Aus Wickreng 1 ass Wickreng 2 ginn. Méi grouss, awer dofir anescht opgedeelt.
- Zu Léiweng gëtt nach un enger ofgespeckter Versioun vum Projet geschafft.
A béid Projete sinn zum brisante Politikum ginn.
5 Joer Wickreng-Leiweng. Méi iwwert dee Sujet gouf et um Dënschdeg den Owend an engem Top-Thema op RTL Télé Lëtzebuerg.
5 Joer Wickreng/Léiweng (12.06.2012)Viru 5 Joer gouf den 1.Wickrenger Projet presentéiert ginn.Dee gouf vun der Regierung verworf.Haut gëtt et Wickreng 2. |
Wickreng a Léiweng si jo och ee Sujet um Mëttwoch an der Chamber, do decidéiert sech jo dann, wéi d'Regierung sech zu de schaarfe Virwërf vun der Oppositioun vun DP a Gréng verhält an ob et zu enger Enquêtekommissioun an deem quokelegen Dossier kënnt.


Äre Commentaire