Minister zu Rollinger: "Mir briechen dir d'Geneck."

RTL - 12.06.2012, 18:41 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:48 | 106 Commentaire(n)

Neie Moment am Dossier Wickreng-Léiweng: En Toundokument beweist, de Guy Rollinger seet, datt hie vun der Regierung erpresst gouf.

Si hate grouss Pläng fir Wickreng ... an déi waren der Regierung wuel en Dar am A ... anescht kann een dat Toundokument, dat RTL Radio Lëtzebuerg virläit an op deem een d'Stëmm vum Guy Rollinger héiert, net interpretéieren ...
"Mir briechen dir d'Geneck." Déi Wierder zitéiert de Guy Rollinger aus engem Gespréich mat engem Minister. De Minister wollt hie mat deem Satz iwwerzeegen, säi Projet Wickreng opzeginn.

Radio Lëtzebuerg krut déi Sätz anonym an engem Toundokument zougespillt.

De Guy Rollinger seet an deem Toundokument, hien hätt ganz haart 4 bis 5 Méint wéint dem Drock vun der Regierung gehat.


Wickreng/Léiweng: Reaktioun vum Guy Rollinger (12.06.2012)
Wickreng/Léiweng: Reaktioun vum Guy Rollinger



Hien hätt de Ministeren och gesot, si giffen - Zitat - "Chantage" mat him man. Jo dat wier esou, hätt e Minister geäntwert.

A wéi se hien esou wäit haten, sei Projet Wickreng opzeginn, hätt de Minister Jeannot Krecké him versprach, a neie Projete Lokomotiven, dat heescht ganz bekannt Partner, eranzehuelen. Dat Verspriechen wier awer net gehale ginn.


Top Thema (12.06.2012)
Am Top Thema geet d'Redaktioun op Sujeten an déi an der Dagesaktualitéit dominéieren.



E Mëttwochmëtteg ass et un der Regierung fir sech an der Chamber de Reprochen ze stellen.

De Premier Jean-Claude hat virun zwou Wochen ënnerstrach, datt hien mat der leschter Determinatioun géint d'Virwërf virgoe wäert. Et sollt kee u sengem Wëllen zweifelen.

 AUDIO: De Jean-Claude Juncker »

Wie vun den anere Ministeren sech explizéiere muss, ass nach net gewosst. Dat hänkt vun de Froen vun den Deputéierten of.

Déi blo an déi gréng Oppositiounspartei wëllen um Mëttwoch och eng Enquêtekommissioun froen fir den Dossier am Detail z'analyséieren. D'Majoritéitsparteien hate sech d'lescht Woch nach zimlech retizent op deem Punkt gewisen.

Esou eng Kommissioun huet ähnlech Kompetenze wéi een Untersuchungsriichter a kann zum Beispill Zeien ënner Eed verhéieren. Déi lescht Enquêtekommissioun gouf et an der Affär Kralowetz virun 10 Joer.

De Parquet wollt d'Explikatiounen vun der Regierung um Mëttwoch ofwaarden fir an den nächsten Deeg ze decidéieren, ob et zu enger Enquête kënnt oder net.

Presserevue

D'Erwaardungshaltung an der Lëtzebuerger Press ass natierlech grouss virun der Interpellatioun. „Sot endlech Wourecht“ fuerdert d'Tageblatt mat enger Caricature op senger Une. Um Bild gesäit een de Jean-Claude Juncker mat verbonne Fanger nieft engem Haifëschaquarium, dee seet „Gleeft mer mir hunn d'Fangeren do erausgehal“.

Stunde der Wahrheit“ titelt d'Wort ënnert engem Photocollage mat den Haapt-Protagonisten an der ganzer Affaire. D'Toundokument wat eis zougespillt gouf, géif den Drock op d'Regierung verstäerken.

Erwaardungen natierlech och am liberale Journal. Net nëmmen un d'Regierung, ma och un d'Majoritéitsparteien an der Chamber. Am Editorial ginn d'Deputéiert drun erënnert, datt si an éischter Linn Volleksvertrieder sinn an haut weise mussen, datt si hir Kontrollfunktioun vun der Regierung eescht huelen. Oder wëlle se iere weisen, datt se an der Chamber sëtzen fir Teppecher ze verleeën?

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!