Wickreng/Léiweng: Plainte vum J. Krecké géint G. Rollinger

RTL - 14.06.2012, 13:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:45 | 97 Commentaire(n)

Wickreng/Léiweng: No Analyse mat sengem Affekot mécht de Jeannot Krecké Plainte wéint Calomnie an Diffamatioun géint de Guy Rollinger.

Déi Plainte gëtt e Méindeg um Parquet deposéiert. Dat sot de Jeannot Krecké RTL Radio Lëtzebuerg iwwer Telefon am Owesjournal um 18.30 Auer.

 AUDIO: Den Interview mam Jeannot Krecké »

Esou schwéier Uschëllegungen kéint een net einfach an de Raum stellen, sou de fréiere Wirtschaftsminister, scho guer net, wann een iwwerhaapt keng Beweiser huet, a wann op der anerer Säit Leit sinn, déi bezeie kënnen, dass dat net Fall war.

Plainte vum Guy Rollinger géint X

De Guy Rollinger fënnt et kriminell, dass dat ominéist Toundokument, datt diffuséiert gouf, ouni säin Averständnis un RTL geschéckt gouf.

Den Här Rollinger huet Plainte géint Onbekannt deposéiert. Hie fënnt et nach méi schlëmm, dass seng Aussoen fir politesch Zwecker mëssbraucht ginn.

De Guy Rollinger stellt sech Froen iwwer d'Origine vun deenen Dokumenter, déi DP an déi Gréng an der Affaire Wickreng-Léiweng Gëschter an der Chamber deposéiert hunn a freet sech ween Interêt huet all dës Saachen ze divulgéieren.

© RTL


PJ huet éischt Leit gehéiert

Um Mëttwoch hat jo de Parquet eng Enquête preliminaire an der Affaire Wickreng/Léiweng opgemeet an d'Police judiciaire huet schonn éischt Leit gehéiert. De Guy Rollinger, den liberale Deputéierte Claude Meisch an de Deputéierten vun déi Gréng, de François Bausch hunn an Tëschenzäit hier Aussoen gemeet.

D'Schreiwes vum Guy Rollinger

Am Communiqué, deen de Guy Rollinger um Donneschdegnomëtteg un d'Press verschéckt huet, heescht et:

Je trouve qu'il est indigne et criminel qu'une conversation privée, enregistrée à mon insu et sans mon consentement soit envoyée, anonymement, à RTL pour une diffusion au grand public.

Il s'agit de faits graves constituant une atteinte à l'intimité de la vie privée. Ainsi, je déposerai plainte contre X avec constitution de partie civile.

Il est encore plus grave que mes propos aient été instrumentalisés à des fins politiques ce que je ne souhaitais pas.

Je voudrais rappeler que depuis le début de cette affaire, je n'ai communiqué à la presse, aucune pièce échangée entre les parties (lettre, mail, enregistrement sonore), relative à ce dossier.

En outre, il faut, également, s'interroger sur l'origine des documents communiqués au président de la Chambre des Députés lors de la séance du 13 juin 2012.

Par conséquent, la question se pose de savoir qui a intérêt à divulguer ce genre de pièces.

Pour ma part, je réserve toutes mes déclarations aux autorités judiciaires avec lesquelles je collaborerai pleinement afin que toute la lumière puisse être faite sur cette affaire.


Wickreng/Léiweng:Enquête préliminaire (14.06.2012)
Eng enquête préliminaire ass am gaangen.Ob och eng information judiciaire opgemaach gëtt,hänkt vun den Resultater vun der 1.Etapp of.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!