Politbarometer Süden: Juncker virun Asselborn, MdB a Bodry

RTL - 15.06.2012, 17:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.06.2012, 09:24 | 15 Commentaire(n)

De Premier Juncker ass nach ëmmer de beléifste Politiker am Süden, dat virum Vizepremier Asselborn, esou de Politbarometer e Samschdeg am Tageblatt.

"Wéi ee Politiker soll an Zukunft eng wichteg Roll spillen, wéi een net?" Dës Fro huet TNS-Ilres am Optrag vum Tageblatt wéi all sechs Méint elo erëm de Wieler an deene 4 Wahlbezierker gestallt.

D'Resultater vun dësem Politbarometer sinn an dëser Woch am Tageblatt nozeliesen. Den Optakt huet um Mëttwoch den Osten gemaach, um Donneschdeg war den Norden drun, um Freideg dann den Zentrum. De Süden mécht dann elo um Samschdeg den Ofschloss.

Süden: Juncker virun enger Partie LSAP-Politiker

Am gréisste Wahlbezierk vum Land, dem Süden, gëtt et op deenen éischten dräi Plazen keng Verännerungen.

Éischte bleift de Premierminister Jean-Claude Juncker. 84 Prozent vun de befroten Wieler sinn der Meenung, dass den CSV-Politiker och an Zukunft eng wichteg politesch Roll soll spillen. Dat ass e Minus vun 2 Punkten.

Op der zweeter Plaz bleift de Vize-Premier an Ausseminister Jean Asselborn. Hien erreecht eng Zoustëmmung vun 76 Prozent. Dat ass 1 Punkt méi ewéi viru sechs Méint.

Mat 61 Prozent Zoustëmmung läit op der drëtter Plaz den LSAP-Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo (minus 1 Punkt).

Déi éischt Ännerung par rapport zum Dezember gëtt et op der 4. Plaz. Nodeems hien am Dezember vu senger Partei-Kollegin Lydia Mutsch verdrängt gi war, beleet elo erëm den LSAP-Präsident Alex Bodry d’Plaz direkt hannert dem Spëtzentrio. U sengem Resultat par rapport zu viru sechs Méint ännert sech näischt (59 Prozent, +/- 0).

Mat déi stäerksten Verloschter am Süden musse verschidden CSV-Perséinlechkeeten hinhuelen:

Jean-Marie Halsdorf: minus 8
Marc Spautz : minus 7
François Biltgen: minus 6
Michel Wolter : minus 6

Schlussliicht och hei: ADR

An der Negativlëscht, dat heescht bei deene Politiker, déi – wann et no de Wieler geet – keng wichteg Roll méi spille sollen, läit de Gast Gibéryen (ADR) mat 64% Oflehnung op der 1. Plaz. Duerno komme gläichop den Ali Ruckert (KPL, 58% Oflehnung) an de Fernand Kartheiser (ADR, och 58% ).

Déi détailléiert Resultater aus dem Wahlbezierk Süden e Samschdeg am Tageblatt.

Tageblatt Politbarometer – Juni 2012

 

 

„Ewei een Politiker soll an Zukunft eng wichtesch Roll spillen, wen net ?“

Dës Fro huet TNS Ilres am Optraach vum Tageblatt ewei all sechs Méint elo erëm den Wieler an denen véier Wahlbezierker gestallt.

D’Resultater vun dësem Politbarometer kënnt bzw. konnt dir dës Woch erëm am Tageblatt noliesen.

Den Optakt huet ewei emmer, den klengsten Bezierk, den Osten gemaach (Mëttwoch).

En Donneschdeg war  den Norden un der Reih, haut den Zentrum.

Den Oofschloss mëcht muer Samsdeg den Wahlbezierk Süden.

 

 

 

Bezierk Süden

 

Am gréißten Wahlbezierk vum Land, dem Süden, gët ët op denen eischten drei Plaatzen keng Verännerungen.

 

Eischten bleiwt den Premierminister Jean-Claude Juncker. 84 Prozent vun denen vun TNS-Ilres am Optraag vum Tageblatt  befrooten Wieler sin der Meenung , dass den CSV-Politiker och an Zukunft eng wichtesch politësch Roll soll spillen. Daat ass e Minus vun 2 Punkten.

 

Op der zweeter Plaatz bleiwt de Vize-Premier an Außenminister Jean Asselborn. Hien erreescht eng Zoustëmmung vun 76 Prozent. Daat ass 1 Punkt méi ewéi virun sechs Méint.

 

Mat 61 Prozent Zoustëmmung leit op der drëtter Plaatz den LSAP-Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo (minus 1 Punkt).

Déi eischt Ännerung par rapport zum Dezember gët ët op der 4. Plaatz. Nodem hien am Dezember vun senger Partei-Kollegin Lydia Mutsch verdrängt gi war, beleet elo erëm den LSAP-Präsident Alex Bodry d’Plaatz direkt hannert dem Spëtzentrio. Un sengem Resultat par rapport zu virun sechs Méint ännert sëch neischt (59 Prozent, +/- 0).

 

Mat déi stärksten Verloschter am Süden mussen verschidden CSV-Perséinlechkeeten hinhuelen:

Jean-Marie Halsdorf: minus 8

Marc Spautz : minus 7

François Biltgen: minus 6

Michel Wolter : minus 6

 

 

An der Negativlëscht, daat heescht bei denen Politiker déi – wann ët no den Wieler geet –  keng wichtesch Roll méi spillen sollen, leit den  Gast Gibéryen (ADR) mat 64% Oooflehnung op der 1. Plaatz. Duerno kommen gleichop den  Ali Ruckert (KPL, 58% Oooflehnung) an den Fernand Kartheiser (ADR, och 58% ).

 

Déi détailléiert Resultater aus dem Wahlbezierk Süden muer am Tageblatt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!