Duelem-Syren: Motorradsaccident och hei
RTL - 17.06.2012, 19:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.06.2012, 07:46
Um Sonndegnomëtteg géint 17 Auer ass e Motorradsfuerer op der Streck Duelem-Syren accidentéiert. E gouf an e Feld geschleidert a blesséiert.

Am Asaz waren de CI vu Beetebuerg an d'Pompjeeë vu Weiler-la-Tour.

E Sonndeg de Mëtteg war et jo schonn zu engem ganz schroe Motosaccident tëscht Méischtref a Bettenduerf komm, wéi 2 Motorrieder frontal aneneegerannt sinn. Dobäi gouf eng Persoun déidlech an eng schwéier verwonnt.
Schwaarze Weekend op de Stroossen (17.06.2012)Dräi schwéier Accidenter |
