Sondage iwwert d'Prostitutioun zu Lëtzebuerg
RTL - 18.06.2012, 11:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.06.2012, 17:37
Um Méindeg huet de Chancëgläichheetsministère d'Resultater vu sengem Sondage iwwert Prostitutioun zu Lëtzebuerg presentéiert.

De Charel Margue vun TNS-ILRES huet um Méindegmueren zesumme mat der zoustänneger Ministesch Françoise Hetto, d'Resultater presentéiert.
Eppes ass ganz kloer: De Profil vum Client geet queesch duerch d'Gesellschaft. Differenzen um Niveau vum Alter, Geschlecht, dem Beruff oder der Nationalitéit ginn et keng, och wann een deels mierkt dat de Phänomen bei deene leit déi en méi héijen Akommes hunn verstäerkt ass.
|
Ziel ass et elo net ze legiferéieren, esou d'Françoise Hetto, wëll all Modell och seng Nodeeler hätt. Et géif vill méi drëm goen ee Konzept aus ze schaffe fir de Prostituéierten Sécherheet an eng gewëssen Dignitéit ze ginn.

Ënnert anerem geet awer och dorausser ervir, dat eis Gesellschaft de Phänomen Prostitutioun akzeptéiert als eppes wat derzou gehéiert, d'Gesellschaft huet ee gewëssent Verständnis derfir.
All zweete kennt och een dee Client bei enger Prostituéiert war oder war selwer schonn emol do.
D'Prostitutioun thematiséieren. (18.06.2012)
D'Ministesch fir Chancegläichheet schafft un engem Konzept fir Sécherheet, Präventioun, Gesondheet a Sozialaarbecht.
Kloertext (20.05.2012)
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.
