Diddeleng: Police sicht Zeien no Vergewaltegung

RTL - 18.06.2012, 16:21 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.06.2012, 16:59

An der Nuecht vun e Samschden op e Sonndeg ass zu Diddeleng eng 21 Joer jonk Englännerin vun zwee Männer no der Fête de la Musique vergewaltegt ginn.

Wéi d'Fra no der Diddelenger Fête de la Musique um Wee fir Heem war, ass si vun enger Grupp vu 5-6 Männer ugeschwat ginn: si wollten hir hëllefen dee Wee fir heem ze fannen, wëll si an der Géigend net kënneg war.

Zwee Männer sinn da mat hier op de Parking hannert dem Gebai vun der Diddelenger Post gaangen, wou si d'Fra zum Geschlechtsverkéier gezwongen hunn.

Zwar konnt si duerno flüchten, ma bis ewell konnt d'Police Täter net ermëttelen an ass elo op der Sich no eventuellen Zeien.

Den éischten Täter hat eng muskuléis Statur, war zirka 1 Meter 70 grouss, hat eng hell Hautfaarf a war ongeféier 30 Joer al. En huet franséisch a gebrachen Englesch geschwat an hat eng dominant Stëmm. En hat deen Owend eng Jeansbox un.

Deen zweete war och muskuléis gebaut an am selwechten Alter, hat e Brëll un, e rond Gesiicht an hat e faarwegen T-Shirt an eng faarweg Jeansbox un. En huet och franséisch geschwat.

All Informatioune sinn fir 113.