Waasserbëlleg-Mompech: Motocyclist déidlech verongléckt
RTL - 19.06.2012, 17:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.06.2012, 06:41
Ee Motocyclist huet tëscht Waasserbëlleg a Mompech d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer. De Mann vun Augsburg ass u senge schroe Blessure gestuerwen.

Den däitsche Staatsbierger vun 39 Joer war an enger Kéier riichtaus gaang, krut e Stroosseschëld an duerno e Bam ze paken.



