Rollinger verklot Staat op Schuedensersaz bis Enn Juni
RTL - 19.06.2012, 18:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.12.2012, 15:47
Nach virum Enn vum Mount wëll de Guy Rollinger de Staat op Schuedensersaz an der Affär Wickreng/Léiweng verkloen, sou säin Affekot op RTL.

Den Ament géifen nach Iwwerpréiwungen lafen, fir den geneeë Montant vum Schued festzeleeën, deen den Guy Rollinger duerch déi ganz Affär erlidden hätt.
Firwat de Staat? 2009 wär dem Guy Rollinger säi Projet vun engem groussen Shopping Center zu Wickreng op de Schinnen gewiescht. Do hätt de Staat op emol e”volte-face” gemaach. Dat wär e Grond fir de Staat ze verkloen.
Um Mëttwoch huet den Me Krieger och am Numm vu sengem Client Guy Rollinger eng Plainte géint X wéinst der Verëffentlechung vun dem ominösen Toundokument, den 12. Juni, beim Untersuchungsriichter deposéiert.
Esou eng Plainte beim Untersuchungsriichter kéint nämlech net klasséiert ginn.
De Guy Rollinger wëll Kloerheet, ween d'Band enregistréiert a weidervermëttelt huet. Hie wär et sécher net. D'Gespréich wär e Privatgespréich gewiescht, wat virun 18 bis 24 Méint no bei der Kathedral an der Stad opgeholl gi wär. De Guy Rollinger hätt och ni dat Wuert Chantage ëffentlech an de Mond geholl. Dat hätten anerer gemaach. Net hien.
Staat ugesicht? (20.06.2012)Nach virum Enn vum Mount well de Guy Rollinger de Staat op Schuedenersaz an der Affaire Wickreng/Léiweng verkloen.Sot säin Affekot,de Me Krieger. |
Claude Meisch: Hei soll eng Diskussioun verhënnert ginn
Den Claude Meisch fënnt et traureg, dass den Ex-Wirtschaftsminister Krecké och elo eng Plainte géint hie mécht wéint sengen Aussoen. Wéi den DP Parteichef RTL sot, wëll d’Regierung anscheinend mat alle Mëttele probéieren, fir eng Diskussioun iwwert d’Affär ze verhënneren. D’lescht Woch schonn, andeems d’Enquete-Commissioun, déi vun der Oppositioun gefuerdert gi war, ofgeleent gouf, an elo géifen d’Deputéiert, déi am Fong just hir Aarbecht maachen, mat juristesche Schrëtt monddout gemaach ginn.
De Claude Meisch gesäit där Saach awer geloossen entgéint. Déi Virwërf, déi seng Partei zesumme mat deene Gréngen op där Pressekonferenz opgeworf hat, nämlech, dass d’Grupp Rollinger vun der Regierung ënner Drock gesat gi wier, wiere jo an der Tëscht bestätegt ginn.
Reaktioune Mosar a Meyers
Et interesséiert natierlech och, wéi d'annoncéiert Plainte vum Jeannot Krecké géint de Claude Meisch bannent der Chamber interpretéiert gëtt.
Fir de Chamberpresident Laurent Mosar ass et kloer, datt an dësem Fall den Artikel 68 vun der Constitutioun spillt, deen d'Irresponsabilitéit vun den Deputéierten ugeet. A sech bezitt sech den Text vum Artikel awer nëmmen op Aussoen vun Deputéierten an der Chamber oder a Commissiounen.
En Deputéierten ass ëmmer a senger Charge als gewielten Volleksvertrieder, an dat och baussent der Chamber, esou gesäit et den CSV-Deputéierten an de President vun der Chamber-Commissioun vun den Institutiounen, de Paul-Henri Meyers.
Et gesäit also dono aus, wéi wann d'Riichter den 2006 reviséierte Verfassungs-Artikel 68 missten interpretéieren, fir ze tranchéieren, wat mat der Plainte vum Jeannot Krecké géint de Claude Meisch geschitt. Präzedenzfäll goufen et an dëser Form nach keng.
Plainte vum Jeannot Krecké
An der Affär Wickreng Léiweng hëlt de fréiere Wirtschaftsminister Jeannot Krecké bekanntlech de Promoteur Guy Rollinger op d'Geriicht, ënner anerem wéinst Calomnie.

De Radio 100,7 huet um Dënschdeg gemellt, datt den Affekot vum fréiere Politiker elo och Plainte areecht géint de Claude Meisch.
Aussoen, déi den DP-Politiker op enger Pressekonferenz gemaach huet ewéi "Ligen an Erpressung" wëll de Jeannot Krecké net op sech beroue loossen, huet hien RTL confirméiert.
D'Plainte soll spéitstens um Mëttwoch gemaach ginn.Plainte géint Claude Meisch (21.06.2012)
Den DP Politiker huet Plainte zwar nach net gesinn, den Claude Meisch léisst sech awer net beandrocken a wäert weider seng Roll als Dp Politiker ausüben
Mouveco hält sech nach zréck
Am Kader vun enger Pressekonferenz iwwert d’nohalteg Entwécklung koum d’Presidentin vum Mouvement écologique e Mëttwoch och op d’Affär Wickreng/Léiweng ze schwätzen.
D’Blanche Weber huet erkläert, d’Ëmweltorganisatioun géif sech de Moment an deem Dossier zréckhalen, well en héichbrisante politesche Match ëm z.B. Landesplanung amgaange wär. De Mouveco kéint sech an där Affär awer nach emol zu Wuert mellen, ë.a. fir dat anzekloen, wat versprach ginn ass, wéi seng Presidentin betount huet, beispillsweis d’Recht op Informatioun.
|
